ZESUMME FIR ENG BESSER ZUKUNFT

zënter 2013

Eng besser Zukunft

Aide Philippines ass eng Lëtzebuerger Non-Profit-Organisatioun, déi sech der humanitärer Hëllef op de Philippinne verschriwwen huet. Eis Missioun besteet an der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vu Mënschen, déi vun Naturkatastrophen, Aarmut oder aneren Noutstänn betraff sinn.

Fir eisen humanitären Impakt weider auszebauen hu mir eis rezent mat ALAL (Amitié Luxembourg-Amérique Latine) zesummegedoen a sinn den Ament amgaangen, béid Organisatioune mateneen ze fusionéieren.

Eis Wäerter

GEMEINSCHAFT

KOOPERATIOUN

NOHALTEGKEET

BESTÄNNEGKEET

VERANTWORTUNG

E staarkt Engagement

De 15. Oktober 2013 huet en Äerdbiewen de philippinneschen Archipel verwüst. Knapps dräi Wochen drop gouf d'Land vun enger weiderer Katastroph heemgesicht: dem Super-Taifun Yolanda (Haiyan).

Dëst ass de Kontext, aus deem Aide Philippines seng Urspréng zitt. Aus enger spontaner Initiativ, déi direkt no der Katastroph éischt Direkthëllef geleescht huet, ass eng Associatioun entstanen, déi d'Bereetstelle vun essentieller humanitärer Ënnerstëtzung laangfristeg garantéiere soll.

Zënterhier huet sech Aide Philippines ëmmer weider entwéckelt an ass zu enger staarker a polyvalenter Organisatioun erugewuess, déi ëmmer nees ënner Beweis stellt, wat fir eng onwarscheinlech Kraaft vu Solidaritéit an Zesummenhalt ausgoe kann.

Eis Asazgebitter

Aktuell Projeten

WeGoSolar

Mir brénge Liicht an d'Haiser vu Famillen an Nout a verbesseren hir Liewensqualitéit mathëllef vu klenge Solaranlagen.

BePrepared

An Zesummenaarbecht mat MiiR.concepts an TESDA leeë mir d'Fundament fir e Formatiounszenter op der Insel Cebu, wou mir spezialiséiert Ausbildungsprogrammer ubidde wäerten.

Scholarship

Vill Famille kënnen et sech net leeschten, hir Kanner an d'Schoul ze schécken. Dofir bidde mir Stipendie fir bedierfteg Schüler a Studenten un.

BrightEyes

Mat eisem neiste medezinesche Projet hëllefe mir eise Beneficiairen, hir Vue nees hierzestellen oder ze verbesseren.

Ënnerstëtzt eis Aarbecht!

Neist Artikelen