Taifun RAI

SUPERTAIFUN RAI

An der Nuecht vum 14. Dezember ass den Taifun Rai (lokal bekannt als Taifun Odette) op de Philippinnen getraff. Den Taifun huet e puer Provënzen am zentralen a südlechen Deel vun de Philippinnen zerstéiert mat unhalendem Wand vun 195 km/h a Wandstéiss vu bis zu 260 km/h. Honnerte Leit hunn hiert Liewe verluer, de Schued ass enorm, Dausende Leit hunn hiert Haus verluer an nach méi Leit erliewen am Moment Waasser- a Liewensmëttel Mangel. Och elo, zwou Wochen no der Katastroph, sinn nach vill vun den Hëllefsoperatiounen ofgeschnidden.

Eis fräiwëlleg Mataarbechter op de Philippinnen hunn d’Situatioun als “absolut Zerstéierung” beschriwwen. D’Famillje hu Problemer fir Liewensmëttel a Waasser ze kréien fir dës Woch ze iwwerliewen.

 

Aktiounen vun AIDE PHILIPPINES

Iessen an Drénkwaasser sinn déi wichtegst Saachen, déi elo dringend gebraucht ginn. Den 30. an 31. Dezember verdeelen Aide Philippines Drénkwaasser, Reis, Konserven an aner Hëllefsgidder un iwwer 320 Famillen. D’Verdeelung gëtt zu Mantalongon, Dalaguete duerchgefouert. Dëst ass wäit vun der Haaptstrooss ewech an de Bierger am südlechen Deel vu Cebu dat direkt vum Taifun getraff gouf.

Aide Philippines plangt och an den Deeg duerno eng weider Hëllefsaktioun. Eisen Haaptfokus wäert op d’Verdeelung vun Liewensmëttel a Waasser op schlecht zougängleche Plaze sinn, déi dacks vun aneren Hëllefsorganisatiounen iwwersinn ginn. Mir schaffen de Moment mat eise lokale Fräiwëlleger a wäerten weider informéieren, wéini a wou den nächsten Hëllefsaktioun stattfënnt.

 

Wat kann dir maachen fir ze hëllefen

Aide Philippines freet Iech ëm Ënnerstëtzung fir dass mir weider Liewensmëttel fir d’Affer vum Super Taifun Rai verdeele kënnen. All Betrag deen Dir spende kënnt ass vital fir d’Fortsetzung vun eisen Aktiounen.

Fir ze hëllefen, benotzt w.e.g. de Link hei ënnen oder besicht eis Facebook oder Websäit

 

QR

Dëse QR Code genéiert eis Telefonsnummer fir Payconiq

oder notzt eis Telefonsnummer +352 621 679 414 fir en Don iwwer Payconiq (Digicash) ze maachen

Den Aide Philippinnen Spendekonto ass:

LU91 0030 5776 5958 0000 BGLL – Aide Philippines