Haiserprojet

Eise Projet zu Agujo

De Super Taifun Yolanda huet an der Gemeng Daanbantayan en immensen Schued an Chaos hannerlooss.

Fir d’Iwwersiicht net iwwer dat relativ grousst Daanbantayan ze verléieren, si mer eis d’Barangay Agujo méi genau ukucke gaang, wou trotz Hëllef vun verschiddenen Organisatiounen no all deene Méint nach bal keen uerdentlecht Haus do steet, (vill mat alem Blech zesumme gepechten Haiser, déi nom nächsten klenge Stuerm erëm futti wieren).

Agujo, eng vun de meescht betraffene Barangayen, hu mir du fir eisen Haiserprojet erausgesicht. Hei hu mir deene Famillen, déi hiert ganzt Haus verlueren hunn, nees eng Hoffnung op en bessert Liewen gebueden. Déi jeeweileg Famillen goufen no bestëmmten Critèren ausgesicht: z.B. Famillen mat ville Kanner, eeler Leit, Persounen ouni Aarbecht an ouni Aussiicht fir an ofséibarer Zäit eng ze kréien. Privilegéiert goufen awer och Leit mat schwéieren Krankheeten.

Phase 1

An enger éischter Phase si mir d’Reparatur vu 15 Haiser ugaangen. Eis Bénéficiairen hunn d’Material vun eis krut an d’Aarbechten hu si selwer gemaach.

Phase 2

14 Haiser sinn an Zesummenaarbecht mat enger Partner ONG vu Lëtzebuerg a mat der Ënnerstëtzung vum Coopératiouns Ministère vu Lëtzebuerg gebaut ginn.

5 ëffentlech Toiletten sinn och an dëser Zesummenaarbecht gebaut ginn

Dësen Haiser Projet dréit den Numm „Bayanihan Project“, wat op philippinesch fir den Zesummenhalt an enger Communautéit steet. Des stellt déi béid kulturell Kooperatioun an den Mëttelpunkt.

Phase 3:

Nodréiglech goufen nach 5 Haiser fir Famillen gebaut, déi et besonnesch néideg haten.

Beschreiwung an Eegeschaften vun den Haiser:

Eis Haiser sinn den philippineschen Wiederconditiounen wei och den environnementale Schwieregkeeten ugepasst. Mier halen den traditionellen Baustil bäi, a kafen eist Materialien wa méiglech nëmme bei lokale Fournisseuren.

Wéi gesinn eis Haiser dann elo konkret aus?
D'Haiser stinn op Pilieren, déi fest am Buedem abetonéiert sinn an dem Haus déi néideg Stabilitéit ginn. D’Héicht vun de Pilieren variéiert no dem jeeweilegen Iwwerschwemmungsrisko. Op dës Pilieren gëtt e stabilt Holzgerüst opgebaut, wat mat Schrauwen befestegt gëtt. An dat Holzgerüst kommen vun eis virgeferdegt Maueren, op déi mer vun baussen Amakan (Bambus) an vun bannen waasserfest Sperrholz ubréngen. An des Maueren ginn Stabiliteitsverstriewungen agebaut, déi ee vun baussen net gesäit. Den Daach besteet aus verzénktem Wellblech, dësweideren gëtt e Kulang ubruecht, deen den Famillen erméiglecht, Reewaasser an engem Faass opzefänken.
Dësen Baustil huet immens vill Virdeeler. Sou kann zum Beispill eng Famill, déi duerch iergendwellech Ëmstänn den Terrain verloossen muss, di eenzel Deeler lassschrauwen, se op een aneren Terrain transferéieren an et do d’Haus nees nei opbauen.
Den Opbau vun all Haus ass gläich, jee no Critère variéiert awer d'Greisst, déi der Famill no ugepasst gëtt.
Duerch déi stabil Konstruktioun sinn d'Haiser géint zimlech all Wiederconditiounen gerüst. Am Dezember sinn zwee Taifunen, den Hagupit an de Seniang, mat 220km/h iwwert d'Philippinen gezunn. Bemierkbar ass, dass keent vun eisen Haiser e Schued erlidden huet, woubäi anerer an der Emgéigend komplett zerstéiert goufen.

Pabeieren an offiziell Dokumenter:

Fir keng Aspekter ausser Uecht ze loossen, an esou eng komplett Aarbecht wei méiglech ze leeschten, ass fir eis vun enormer Wichtegkeet, de legalen an administrativen Volet ganz an d’Rei ze bréngen. Esou kënnen d’Bénéficairen en neien Start an d’Liewen ugoen, ouni wéinst fir si zweetrangegem Pabeierkrom, vun hirer Vergaangenheet ageholl ze ginn. Dat heescht am Fong, dass mir mat de Propriétairen a Land Besëtzer en Averständnis ënnerschriwwen hunn, fir dass eis Bénéficiairen op deem jeeweilegen Terrain wunne kënnen. Mir schaffen ebenfalls mat den offizielle Stellen wéi d’Gemeng an de Kadaster enk zesummen, sou dass op der legaler Ebene keng Mëssverständnisser respektiv Problemer entstinn.
Mat engem lokalen Affekot ass e Kontrakt ausgeschafft ginn, dee mat jidder Bénéficiaire ënnerschriwwe ginn ass. Dës Kontrakter sinn duerno op der Gemeng an um Kadaster ageschriwwen ginn.

Schoulprojet

Vill Famillen kennen et sech net erlaben, hier Kanner an d’Schoul ze schécken, well hinnen déi finanziell Mëttel feelen. Des huet eis dozou beweegt, d'Schoulkäschten fir Kanner ze iwwerhuelen, di ouni eis Hëllef nimools eng Schoul vun bannen géife gesinn.
De Sponsoring ëmfaasst ënner anerem eng komplett Schoul Uniform vun Kapp bis Fouss, déi an den philippineschen Schoulen obligatoresch ass. Hefter, Bicher an aner benéidegt Schoulmaterial hu mir den Kanner och bereet gestallt, genau sou wéi d'Aschreiwungsgebühr. Dësweideren decken mir och déi ufalend Niewekäschten während dem Schouljoer, wéi zum Beispill Zeecheblieder asw. An der Agujo Elementary School hu mir momentan 20 Kanner an dësem Projet, an an der Tapilon High School 21 Kanner.
E weidere Problem ass, dass vill Elteren hir Kanner no der Elementary School aus der Schoul huelen an se dann schaffen schécken. Déi ongeféier 12 Joer al Kanner hunn da schonns en virprogramméiert schwieregt an haart Liewen viru sech. Dat ass e Grond, firwat mir och d’Kanner an der High School ënnerstëtzen.

Ab dem Schouljoer 2018 ass et méiglech, eng Patenschaft fir ee vun dëse Kanner ze iwwerhuelen. Dier kennt dann déi jäerlech ufalend Käschten fir ee vun den Jongen oder Meedercher iwwerhuelen. Esou kënn dier hinnen souguer den Sprong op eng Universitéit erméiglechen an domadder d' Chance op eng besser Zukunft. Et ass och erwënscht, dass dier als Pätter oder Giedel a Kontakt mat deem Kand stitt, wat dier ënnerstëtzt.

IT-Projet

Wei der Iech villäicht denken kennt, waren och vill, quasi all Schoulen vun der immenser Naturkatastrof betraff. Dëst huet sech net nëmmen op d’Beschiedegung an deelweis Zerstéierung vun schouleschen Gebaier a Fakultéiten beschränkt, mee och d’Pedagogeschtmaterial huet ganz staark dorënner gelidden.
A ville Schoulen ass dat ganzt Informatescht Material net méi ze benotzen. Dozou kommen déi feelend Geld Ressourcen fir d’Equipement ze ersetzen.

Genau hei huet eisem IT-Projet seng Origine.
Am Moment si mir amgaangen eis mat deenen eenzelnen Schoulen an Kontakt ze setzen an Informatiounen ze sammelen. Mir schwëtzen mam Direkter a mam zoustännegem Léierpersonal vun den jeeweilegen Schoulen fir erauszefannen wat genau zerstéiert gouf, wat se brauchen an wat se Wëlles hunn mat dem neien Equipment ze maachen. Ofhängeg vun der Unzuel u Professeren a Schüler an den gesammelten Informatiounen gëtt eng Estimatioun opgestallt wéivill a wellecht Material mir an den eenzelne Schoulen asetze kënnen. Leider sinn och hei eis Mëttel begrenzt, sou kennen mir net all Schoul ënnerstëtzen, sou wei et eigentlech erfuerderlech wier.
Et ass virgesinn, dass am Februar 2016 eng Équipe vun IT Spezialisten vu Lëtzebuerg als Volontaire op Agujo kommen, fir mat de Schüler a Proffen vun der Technescher Uni (Cebu Technical University) den IT Projet opzebauen.

Livelihood

En weideren Projet vun eis ass den sougenannten Livelihood Projet. Nom Super Taifun Yolanda hu ganz fill Leit hiert Berufsgeschier verluer. Et war villen also onméiglech, hire Beruff weiderhin auszeüben, well hinnen déi néideg finanziell Mëttel feelen, fir hiert Geschir op en neits ze kafen.
Mier hu Leit vun allméiglechen Beruffskategorien dat néidegt Geschir oder Material zur Verfügung gestallt. Als Géigeleeschtung mussen si all Mount en klengen Montant an eng gemeinsam Keess abezuelen. Dat ganzt kann een als eng kleng Kooperative bezeechnen. Déi Suen déi esou nees zesumme kommen ginn da benotzt, fir déi ufalend lafend Käschten oder Reparaturen ze begläichen, sou dass mir de Projet um Lafen halen kennen ouni eis weiderhin finanziell bedeelegen ze mussen. Eist Ziel ass et net einfach nëmme Saachen ze verschenken, mee d’Famillen mat ze responsabiliséieren an hinnen erëm op d’Been ze hëllefen, sou dass si hirer Aarbecht nees kennen nogoen an och nees en fest Akommen an geregelt Liewen kréien. Dëse Projet gët vun de Bénéficiairen selwer verwalt.

Klinik-Projet

Mir hunn 2014 e Projet gestart, deen sech op d’gesondheetlech Rehabilitatioun vun Kranken an Nout bezitt, déi sech déi néideg Medikamenter an Traitementer net leeschten kennen. Am Kader vun dësem Projet hu mir eng kleng „Klink“ gebaut, wou mir lëtzebuergesch wei och philippinesch Basis Medikamenter stockéiert hunn. Dës Medikamenter ginn u Persounen verdeelt déi se brauchen, awer d‘Mëttel net hu fir se selwer kafen ze kennen, respektiv sech se vun engem Dokter verschreiwen ze loossen.
Wou mer och schonns bei der nächster Problematik wieren, déi mer mat dësem Projet ofdecke wëllen. Aide Philippines huet geplangt, en Dokter regelméisseg an eis Klinik kommen ze loossen, fir d’Leit ze ënnersichen an hinnen déi néideg Medikamenter oder Traitementer ze verschreiwen, déi se da vun eis gratis ausgehändegt kréien.