Daanbantayan

Daanbantayan ass eng grouss Gemeng op der Insel Cebu, an eng vun denen 3 dei den Yolanda komplett zerstéiert huet.

Infoen Stand 2014

Awunnerzuel: 74.897

Agedeelt an 20 Barangayen

Bevölkerungsdicht: 811,7 Awunner pro km2

Fläch: 92,27 km2 (ongefeier duebelt vun der Staat Letzebuerg)

De Numm Daanbantayan kennt vum Wuert ,,Daan,, wat op Cebuanesch "aal" heescht an vum Wuert "Bantayan" wat souzesoen eng Bewaachungsstatioun fir d’Ugräiffer vun de Moroen, d’Philippinesch Moslemen, war.

1942 hunn d’Japaner d’Gemeng mat Konzentratiounslagere bebaut.

Fir Touristen ass Daanbantayan intressant duerch hier wäiss laang Plage. Mee och hei op de Stränn gëtt nach ëmmer vill Dreck ugeschwemmt. D’Gemeng leid ënner vill manner Akommes.

Ausserdem ass Daanbantayan intressant fir op d’Insel Malapascua eriwwer ze fueren (déi och zu der Gemeng gehéiert). Haaptsächlech ass Malapascua als Tauchparadies bekannt.

(weider Infoë komme geschwënn)

Agujo

Agujo ass eng Barangay vun Daanbantayan

Infoen Stand 2014

Awunnerzuel: 6.700

Och Agujo ass nees agedeelt. Di eenzel Quartieren gi vu sougenanntenen Kagawat geleet.

D’Touristen fueren eigentlech nëmmen duerch Agujo. Dat ass awer e Feeler, well bei Skips Beach gëtt et deen eenzegen richtege Kaffi!! Hei nenne se dat “real coffee”

Agujo huet eng Grondschoul an en technesche Lycée fir d’Marine

(weider Infoë komme geschwënn)