WeGoSolar 2024
WIth the support of Ecole Privée Fieldgen
Luana Padjan (3G-SO3)
Déi Rees op d’Philippinnen fir deene Leit dohannen ze hëllefen, war eng onbeschreiflech schéin Erfarung, déi ech ni vergiesse wäert.
Dat éischt, wat engem no e puer Stonne bewosst gëtt, ass, dass déi Leit dohanne frou si mat deem, wat si hunn.
Déi Leit dohannen sinn immens kreativ an notzen alles Méigleches, wat si kennen, fir Saachen ze bauen, wéi zum Beispill Bambus, aus deem och hir Haiser gebaut sinn.
Sie schaffen dohanne mat vill Kerosin fir Luucht ze kréien, wat immens geféierlech ass fir hir d’Gesondheet. An dofir hu mir hinne gehollef, andeems mir hinne Solarzellen installéiert hunn. Déi Freed an hire Gesiichter, soubal si Stroum haten an d’Lute funktionéiert hunn, ass e Bild, wat ech ni vergiesse wäert a wat mir richteg bewosst gemaach huet, dass dat net selbstverständlech ass, Stroum am Alldag ze hunn, wéi dat bei eis am Land de Fall ass. Dofir hunn ech geléiert, dass ee wierklech soll wäertschätze, wat een huet, an dass een net alles soll als selbstverständlech unhuelen.
Ech hunn och festgestellt, dass de Liewensstil op de Philippinnen e ganz aneren ass wéi heiheem. Dohanne gëtt et kee Code de la route, mee d’Leit ginn eens, andeems si duerch Getuuts matenee kommunizéieren. An ech muss soen, dass hire System erstaunlech gutt funktionéiert.
D’Leit sinn och immens sozial a léif dohannën a si wénken engem ëmmer zeréck, wann een hinne wénkt, och wann een sech net kennt. D’Klima ass natierlech vill mei tropesch wéi hei an et ass richteg waarm. D’Temperature klamme bis an déi 40 Grad.
Zesummegefaasst war et eng onvergiesslech Erfarung. Esou kloer wéi do sinn ech mir nach ni bewosst ginn, wéi gutt mir et hei zu Lëtzebuerg hunn, wéi schéi mir wunnen a wéi wichtig et ass, déi Saachen, déi mir als selbstverständlech ugesinn, wéi z.B. Stroum, wäertzeschätzen.
