Chrëschtmaart zu Meeschdrëf

D‘Kulturkommissioun vun der Mompecher Gemeng organiséiert de 6. & 7. Dezember zu Meeschdrëf hiren 2te Chrëschtmaart.

Aides Philippines verkeeft Frühlingsrollen, Nuddelen mat Geméis a Poulet a Goulaschzopp.
De Kleeschen dee mam Päerd kennt, mécht de 6.12. um 14.00 Auer d’ Ouverture vum Moart an da geet et weider bis ongeféier 23.00 Auer.

De 7.12 geet et vun 10.00 Auer moies bis owes géint 20.00 Auer.